26.11.2024
Den Zentrum vun Dikrich entwéckelt sech weider. An den nächste Joren hu mir geplangt de Stadkär nohalteg opzewäerten an ze moderniséieren.
Dofir hu mir eis gemeinsam mat Iech déi leschte Méint gefrot, wéi d’Zukunft vum Dikricher Stadkär fir eis all kéint ausgesinn.
Am Kader vum Partizipatiounsprozess #NeiDikrich konnt Dir an enger Online-Ëmfro, wärend guidéierte Spadséiergäng an a Biergerworkshoppen Är Iddien abréngen.
.Wärend deem Austosch hu mir en etlech Virschléi gesammelt a wëllen all deenen, déi matgemaach hunn, e grousse Merci fir dee wäertvolle Beitrag soen.
Als Ofschloss vun der Biergerbedeelegung wëlle mir Iech elo d’Resultater vun den eenzelne Participatiounselementer virstellen an erkläre wéi dës an d’Ëmgestaltung vum Stadkär mat afléisse sollen.
Heimat invitéiere mir Iech op d’Presentatioun vun de Resultater aus der Biergerbedeelegung
Wéini: 26. November 2024 um 19:00 Auer
Wou: Al Seeërei
.Wann Dir un der Presentatioun vun de Resultater wëllt deelhuelen, da kënnt Dir Iech bis den 22.11.2024 iwwer E-mail oder Telefon umellen:
nei@diekirch.lu Tel.: 808780-1