19.11.2024
D’Gemeng Dikrich, zesumme mat der Commission sociale et du 3e âge a mat der Administration d’évaluation et de contrôle de l’assurance dépendance (AEC) vum Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale invitéieren Iech op d’Konferenz
„D’Fleegeversécherung zu Lëtzebuerg“.
.19. November 2024 um 19:00 Auer
am Festsall vun der Dikricher Grondschull
Gebai G, place des écoles / Stehresplaz
Wärend dëser Presentatioun vun der AEC kritt Dir déi néideg Informatiounen iwwert d‘Fleegeversécherung. Uschléissend kënnt Dir all Är Froen zum Thema stellen
an no der Presentatioun sidd Dir häerzlech op e Patt invitéiert.